Esmond Knight

Vu Wikipedia
Esmond Knight
Gebuer 4. Mee 1906
East Sheen
Gestuerwen 23. Februar 1987
London
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Nora Swinburne

Den Esmond Knight, gebuer als Esmond Penington Knight de 4. Mee 1906 zu East Sheen, Surrey, England a gestuerwen den 23. Februar 1987 zu London war en englesche Schauspiller.

Bedeitend Filmregisseuren hunn den Esmond Knight engagéiert sou am Joer 1934 den Alfred Hitchcock“am Film Waltzes from Vienna. Fir de grousse Schauspiller a Filmregisseur Laurence Olivier huet hien a 4 Filmer matgespillt an zwar 1944 an The Chronicle History of King Henry the Fift with his Battell Fought at Agincourt in France, 1948 an Hamlet, 1955 a Richard III an 1957 zesumme mat der Marilyn Monroe an The Prince and the Showgirl. Weider bekannt Filmer mat him sinn A Canterbury Tale (1944), Black Narcissus (1947) an The Red Shoes (1948) allen dräi zesumme vun de Regisseure Micheal Powell an Emeric Pressburger gedréint. Dann ass hien och am Kultfilm Peeping Tom (1960) opgetrueden, deen deemools als Skandalfilm betruecht ass ginn an d'Filmcarriere vum Michael Powell zerstéiert huet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]