D'Pressekonferenz ass mat engem klenge Retard ugaangen - d'Patronat souz 2,5 Stonnen mat der Regierung beieneen - d'Gewerkschaften du knapp zwou Stonnen.

Xavier Bettel no Bipartite / Reportage Carine Lemmer

De Staatsminister ass eleng virun d'Press getrueden - also do keng offiziell Reaktioune vum Patronat oder Syndicat, déi just kuerz Aussoe virun den RTL-Mikroen an de Journaliste gemaach hunn.

De Premier huet vu konstruktive Gespréicher geschwat, woubäi et wuel éischter eng Presentatioun vun de Bilaterale war an datt lo jiddereen déi selwecht Donnéeën a Statistiken am Grapp hätt.

De Statec schwätzt an egal wéi engem vun den 3 Zenarie vun enger ganz kloer héijer Inflatioun, déi am schlëmmste Fall mat sech bréngt, datt bannent den nächsten 10 Méint bis zu 4 Index-Tranchë wäerten erfalen. Do derbäi kënnt egal wéi eng verréckelt Index-Tranche vun 2,5%, déi jo d'nächst Joer am Juni ausbezuelt gëtt.

De Statec méi am Detail:

De Statec huet also an de Gespréicher tëscht der Regierung an de Sozialpartner nei Zuele presentéiert an déi gesinn net gutt aus. D’Inflatioun bleift héich och nach d’nächst Joer.

Am zentralen, mëttleren Zenario geet de Statec vun enger Präisdeierecht vu 6,6% fir dëst an d’nächst Joer aus. Dat géif heeschen, datt 3 weider Indextranchë kommen (am November 2022 an am Mäerz a September 2023), plus déi, déi am Juni verréckelt gi war.

Am pessimisteschen Zenario mat 6,8% Inflatioun dëst an 8,5% d’nächst Joer rechent de Statec mat 5 Indextranchen – elo Enn dës Joers, Februar, Abrëll an 3. Trimester 2023, plus déi verréckelt.

Am optimistesche Fall – 6,4 a 4,4% Inflatioun - sinn zwou Indextranchë fälleg am Januar an am Juni, plus déi vum leschte Summer.

"Eng aner Welt"

Mir liewen haut an enger anerer Welt wéi nach virun engem hallwe Joer bei der leschter Tripartite, sot de Premier Xavier Bettel. Den Accord vu Mäerz kéint elo net méi einfach esou iwwerholl ginn.

Schonn en Donneschdeg de Mëtteg kënnt de Regierungsrot beieneen, fir festzeleeën, wou d'Rees an der Tripartite higeet.

"Et wier net responsabel, mat der Deierecht, déi mer den Ament hunn, ze mengen, wann dëst Joer nach eng Indextranche géif erfalen, datt een déi ganz ewech loosse kann, a keng Kompensatioun néideg ass." Dat wier säi perséinlecht Gefill, sot de Staatsminister Xavier Bettel. Wann de Bierger d'Gefill géif kréien, an der aktueller Situatioun a mat de Suergen, déi en huet, weder beim Patron, nach bei der Regierung, nach bei de Sozialpartner Gehéier ze fannen, da wier dat a sengen Aen e politeschen, e sozialen an och en ekonomesche Feeler.

Mënsche musse Gehéier fannen - Xavier Bettel

An deem Sënn freet de Xavier Bettel, datt d'Tripartite vun e Sonndeg un an engem oppenen, konstruktivem a solidaresche Geescht ofleeft, an datt se och bis allerspéitstens Ugangs Oktober zu Conclusioune kënnt.

Méiglecherweis wier och mat weideren Tripartitten ze rechnen, well d'Situatioun eescht wier a Betriber a Stéit elo Hëllefe bräichten. Egal wéi wier den Tripartites-Accord vum Mäerz fir d'Poubelle a géif der aktueller Situatioun net méi gerecht ginn.

Dem Staatsminister no dierft keng Léisung an den Diskussiounen tëscht den 3 Partner ausgeschloss ginn, kloer wier awer, datt d'Indextranchen, déi lo erfale wäerten, net d'office wäerte geréckelt ginn. Et wier eng exzeptionell Kris mat enger Inflatioun, déi et zanter 4 Joerzéngten net méi am Land gouf. An dëser ongewësser Zäit missten d'Leit rassuréiert ginn - keen dierft hänke gelooss ginn.

De Staat ass dann och bereet, fir entspriechend Suen an de Grapp ze huelen. Op Nofro hin wollt de liberale Premier awer kee Chiffer nennen. Spuerfetischist wier d'Regierung allemol net. Egal wéi misst um Triple-A a Saache Bonitéit vun der Lëtzebuerger Finanzplaz festgehalen ginn, sou nach de Premier.

De Replay vun der Pressekonferenz