Staatsvisitt vum President vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel, a vu senger Fra Eva Pavlová zu Lëtzebuerg - 1. Dag

Op Invitatioun vum Grand-Duc a vun der Grand-Duchesse, sinn de Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik, a seng Fra Eva Pavlová, vum 29. Februar bis den 1. Mäerz 2024 fir eng Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. D'Presidentekoppel gëtt vun enger Delegatioun vun ca. 30 tschecheschen Entreprisë begleet.

Donneschdeg, den 29. Februar 2023

De President vun der Tschechescher Republik a seng Fra ginn offiziell vum Grand-Duc a vun der Grand-Duchesse um Parvis vum groussherzogleche Palais empfaangen. No de militäreschen Éierungen, der Interpretatioun vun den Nationalhymne, der Revue vun den Truppen, der Presentatioun vun de jeeweilegen Autoritéiten an Delegatiounen, sou wéi dem Echange vu Kaddoen, ginn de Petr Pavel an d'Eva Pavlová fir eng Entrevue mat der groussherzoglecher Koppel am Palais empfaangen.

  1. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) d'Groussherzogin ; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik ; Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik ; de Grand-Duc

  2. © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v.l.n.r.) Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik ; Luc Frieden, Premierminister

  3. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) de Grand-Duc ; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

  4. © SIP / Julien Warnand

    (vir v.l.n.r) de Grand-Duc ; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik ;      (hannen v.l.n.r) First Lady vun der Tschechescher Republik ; d’Groussherzogin

  5. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  6. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Staatsvisitt vum President vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel, a vu senger Fra Eva Pavlová zu Lëtzebuerg

  7. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) Grande-Duchesse ; n.c. ; Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik, de Grand-Duc

  8. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Staatsvisitt vum President vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel, a vu senger Fra Eva Pavlová zu Lëtzebuerg

    Staatsvisitt vum President vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel, a vu senger Fra Eva Pavlová zu Lëtzebuerg

De Staatschef vun der Tschechescher Republik a seng Fra leeën dann a Presenz vum Premierminister Luc Frieden, vun der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes, a vum Chef d'État-Major Steve Thull, e Blummekranz um Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit néier. Beim Verloosse vun der Kapell, gréissen de Petr Pavel an d'Eva Pavlová Porte-Drapeauxen, Membere vum Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich souwéi Vertrieder vu patriotesche Beweegungen a Veräiner.

  1. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch ; Colonel Robert Kohnen, aide de camp an der Maison du Grand-Duc ;  Eva Pavlovà, First Lady  vun der Tschechescher Republik ; Petr Pavel,  President vun der Tschechescher Republik ; n.c. (Secherheet) ; Luc Frieden, Premierminister

  2. ©SIP / Jean-Christophe Verheagen

    (v.l.n.r.) n.c. ; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik ; Patrick Majerus, Chef vum Service fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich

  3. ©SIP / Jean-Christophe Verheagen

    Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

    Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

  4. © SIP / Julien Warnand

    Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit - Nidderleeë vun engem Blummekranz bei der Gedenkflam

  5. ©SIP / Jean-Christophe Verheagen

    Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit - Nidderleeë vun engem Blummekranz bei der Gedenkflam

    Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit - Nidderleeë vun engem Blummekranz bei der Gedenkflam

No sengem Retour an de Palais, huet den Tschechesche Staatschef noeneen eng Audienz mam President vun der Chamber, Claude Wiseler, dem Premierminister Luc Frieden, an dem Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, Xavier Bettel.

  1. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Claude Wiseler, President vun der Chamber ; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

  2. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister ; Petr Pavel,

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister ; Petr Pavel,

  3. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel,  Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten ; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

Dono treffen de Petr Pavel an d'Eva Pavlová d'groussherzoglech Koppel fir e privat Mëttegiessen am Palais, wou si hir Gespréicher weiderféiere kënnen.

Am fréien Nomëtteg empfänkt d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer, zesumme mam Schäfferot a Gemengerot, d'Presidentekoppel an de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse fir eng akadeemesch Seance an der Stater Gemeng. Musikalesch encadréiert gëtt dat Ganzt vun engem Museksensembel aus dem Stater Conservatoire.

  1. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v.l.n.r.) Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc

  2. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc, d'Groussherzogin; Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

  3. ©SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik; d'Groussherzogin; de Grand-Duc; Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

  4. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  5. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) d'Groussherzogin; de Grand-Duc; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik

  6. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v.l.n.r.) de Grand-Duc; Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

  7. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

  8. ©SIP / Julien Warnand

    Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

    Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

  9. ©SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg; Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; d'Groussherzogin; de Grand-Duc

Um Programm steet dono d'Néierleeë vun enger Gerbe um Jan-Palach-Square vum President vun der Tschechescher Republik an dem Grand-Duc, a Presenz vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. De Jan-Palach-Square gëllt der Erënnerung un den tschechesche Student, deen den 11. August 1948 zu Prag gebuer ass, a sech de 16. Januar 1969 op der Venceslas Plaz zu Prag a Brand gesat hat, als symbolesche Resistenzakt géint d'Invasioun vun den Truppe vum Warschauer Pakt.

Den Tschecheschen an de Lëtzebuerger Staatschef leeën doropshin eng Gerbe um Graf vum Jang de Blannen néier, éier si d'Schëff vun der Kathedral a Presenz vun der Grande-Duchesse a der Madamm Eva Pavlová besichen. 1946, ganzer sechs Joerhonnerten no sengem Doud, goufen d'Iwwerreschter vum Jean I, Kinnek vu Béimen a Grof vu Lëtzebuerg, deen als Schlësselfigur déi tschechesch an déi lëtzebuergesch Geschicht verbënnt, an d'Krypta vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg verluecht.

  1. ©SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc; Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

    (v.l.n.r.) Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc; Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

  2. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Néierleeë vun enger Gerbe um Square Jan Palach

    Néierleeë vun enger Gerbe um Square Jan Palach

  3. ©SIP / Julien Warnand

    Néierleeë vun enger Gerbe um Square Jan Palach

    Néierleeë vun enger Gerbe um Square Jan Palach

  4. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc; Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

    (v.l.n.r.) Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc; Lydie Polfer, Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg

  5. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Néierleeë vun enger Gerbe virum Graf vum Jang de Blannen

    Néierleeë vun enger Gerbe virum Graf vum Jang de Blannen

  6. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) Georges Hellinghausen, Prévôt vum Chapitre cathédral; Tom Kerger, Paschtouer vun der Kathedral; de Grand-Duc; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik

Am spéiden Nomëtteg sinn d'Presidentekoppel zesumme mat der groussherzoglecher Koppel am Betzder Schlass, Sëtz vun SES, wou si vun der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes, an der delegéierter Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit, Elisabeth Margue, souwéi vu Vetrieder vun SES, empfaange ginn. No enger kuerzer Presentatioun vun den Aktivitéiten an Erklärungen zur Geschicht vun SES an zur strateegescher Visioun vun der Firma an hire Bezéiungen zur Tschechescher Republik, besichen d'Presidentekoppel an d'groussherzoglech Koppel de Kontrollzentrum vun de Satelliten. 

  1. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v.l.n.r.) Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch; Elisabeth Margue, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit

  2. ©SIP / Julien Warnand

    Visitt vum Siège vun SES am Betzder Schlass

  3. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc; d'Groussherzogin; Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch

  4. ©SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Eva Pavlovà, First Lady vun der Tschechescher Republik; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

  5. ©SIP / Julien Warnand

    Visitt vum Siège vun SES am Betzder Schlass

    Visitt vum Siège vun SES am Betzder Schlass

  6. ©SIP / Julien Warnand

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  7. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Visitt vum Centre de Contrôle des Satellites (SOC)

Als Ofschloss vum éischten Dag vun der Staatsvisitt ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse am Palais e Galadinner zu Éiere vum President vun der Tschechescher Republik, Petr Pavel, a senger Fra, Eva Pavlová, a Begleedung vum Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin.

  1. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) d’Ierfgroussherzogin; de Grand-Duc; Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik; Petr Pavel President vun der Tschechescher Republik; d’Groussherzogin; den Ierfgroussherzog

  2. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v.l.n.r.) Luc Frieden, Premierminister; de Grand-Duc; Petr Pavel President vun der Tschechescher Republik; Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik

  3. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v. l. n. r.) Gauthier Destenay, Mann vum Xavier Bettel; Xavier Bettel, Vizepremierminister, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten; de Grand-Duc; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; Paul Dühr, Haffmarschall; Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik

  4. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v.l.n.r.) Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch; de Grand-Duc; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik

    (v.l.n.r.) Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch; de Grand-Duc; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik

  5. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v.l.n.r.) Elisabeth Margue, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit; de Grand-Duc; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

    (v.l.n.r.) Elisabeth Margue, Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit; de Grand-Duc; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik

  6. ©SIP / Julien Warnand

    Groussherzogleche Palais - Galadinner

    Groussherzogleche Palais - Galadinner

  7. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) Generalleutnant Ivo Střecha, tschechesche Militärvertrieder bei der NATO a bei der EU; d'Groussherzogin; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc; Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik; Colonel Robert Kohnen, Adjutant bei der Maison du Grand-Duc

  8. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v.l.n.r.) Generalleutnant Ivo Střecha, tschechesche Militärvertrieder bei der NATO a bei der EU; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc; Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik; Colonel Robert Kohnen, Adjutant bei der Maison du Grand-Duc

  9. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    (v.l.n.r.) Generalleutnant Ivo Střecha, tschechesche Militärvertrieder bei der NATO a bei der EU; d'Groussherzogin; Petr Pavel, President vun der Tschechescher Republik; de Grand-Duc; Eva Pavlová, First Lady vun der Tschechescher Republik; d'Ierfgroussherzogin

  10. ©SIP / Julien Warnand

    Illustratioun

    Illustratioun

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP)

Aktualiséiert