E Freideg de Moie koum et zu gréissere Problemer um LuxAirport, nodeems e Metalldetekter net richteg funktionéiert hat.

Chaos um Findel / Reportage Marc Hoscheid

All d'Persounen, déi e Freideg de Moie schonn duerch d'Sécherheetskontroll gaange sinn, hunn dëst eng zweete Kéier musse maachen, dat well et Problemer mam Sécherheetssystem gouf. Eng 800 Leit wieren RTL-Informatiounen no betraff. Dësen technesche Problem huet och dozou gefouert, datt um fréie Moie keng Fligere konnten de Findel verloossen, well d'Passagéier net u Bord konnte goen. Eleng bei der Luxair sinn duerch dëse Problem iwwer 20 Flich betraff.
Ugangs ass nach geziilt no 12 Persoune gesicht ginn, déi duerch d'Sécherheetskontroll gaange sinn, wéi de Metalldetekter net fonctionéiert huet. Well dës Leit net konnte fonnt ginn, gouf dunn aus Sécherheetsgrënn decidéiert,  jiddereen nach emol duerch d'Kontroll ze schécken.

D'Police confirméiert dësen Tëschefall an deelt och mat, datt Beamte vun hinnen op der Plaz sinn. Si präziséieren, datt no enger gewësser Zäit opgefall wier, datt ee Metalldetekter am Sécherheetspassage, wou d'Leit duerchginn, net funktionéiert huet an dowéinst all d'Persounen, déi hei scho passéiert waren, eng zweete Kéier hu missen duerch d'Kontroll goen.

Gedold war gefrot

Chaos um Findel
Duerch e Sécherheetsproblem koum et e Freideg zu massive Verspéidungen.

Och wann d'Leit e Freideg de Moie fréi schonn duerch d'Sécherheetskontroll waren, huet et bis no 9.30 Auer gedauert, bis dat eng zweete Kéier lancéiert war. Géint 10 Auer huet et da vun der Plaz geheescht, datt déi éischt Flich deemnächst de Findel kéinte verloossen, dat mat enger Verspéidung vun deels iwwer 4 Stonnen. Den éischte Fliger huet de LuxAirport um kuerz no 10.30 Auer verlooss.

Persoune gesicht
En Aenzeie sot eise Journalisten op der Plaz, dass d'Police eng Foto vun enger Persoun gewisen huet, déi se géife sichen. Op Nofro krute mir vum Pressebüro vun der Police confirméiert, dass effektiv no enger Persoun gesicht gouf. Et wollt ee sécherstellen, dass jiddereen, deen an där Zäit, wou de Metalldetekter net funktionéiert huet, duerch d'Kontroll gaangen ass, och eng zweete Kéier géif kontrolléiert ginn. Hei wier op d'Videomaterial vun den Iwwerwaachungskameraen um Fluchhafen zeréckgegraff ginn. E kriminellen Hannergrond hätt et deemno kee ginn, esou de Pressespriecher vun der Police.

Technesch Pann wäert gréisser Repercussioune mat sech bréngen

D'Luxair gouf e Freideg de Moie fréi driwwer informéiert, datt et e Problem bei de Sécherheetskontrollen um LuxAirport gouf, präziséiert de CEO vun der nationaler Fluchgesellschaft Gilles Feith. "Déi hunn natierlech alleguer d'Volle vum Findel impaktéiert, och eis Flich", heescht et vum Generaldirekter vun der Luxair weider. Et géif een elo probéieren, dat Bescht, wat méiglech ass, ze maachen, fir elo déi meeschte Flich, déi de Moien de Findel verloosse sollten, nach ze retten. Gemengt sinn domadder all d'Luxair-Maschinnen, déi tëscht 6 an 9 Auer hätte solle starten. Well et zu grousse Retarde komm war an déi Maschinnen, déi elo nach um Buedem stinn, och méi spéit fir aner Destinatioune gebraucht ginn, kann et de ganzen Dag iwwer zu Verspéidungen oder esouguer zu Ausfäll kommen.

Extrait Gilles Feith

"Do si mer elo amgaange mat kucken. Mir probéieren, déi Flich mat méi komplexen Destinatiounen ze protegéieren, mä den Ament hu mir do eng ganz Rei vu Leit, déi amgaange sinn, ze kucken, wéi mer dat am beschten hikréien", seet de Gilles Feith weider, deen awer keng Ausso iwwer d'Saache vu LuxAirport wollt maachen. Weider präziséiert de Generaldirekter vu Luxair, datt een och viru groussen organisatoresche Problemer steet, dat wéinst dem Equipage vun de Fliger. Déi Leit si jo zanter e Freidegmoie schonn am Asaz, och wann hir Maschinnen um Buedem bliwwe sinn. Eng Crew, déi zum Beispill moies um 6 Auer e laange Fluch sollt untrieden, kann dat elo net méi maachen. "Da geet dat net méi eraus. Dat heescht, do si mir och erëm amgaangen ze kucken, wéi mer eis do organiséieren. Dat ass ganz, ganz komplex. Mir wäerten do keng Kompromësser op der Sécherheet maachen", esou datt wuel eng ganz Rei Flich mussen annuléiert ginn.

Extrait Gilles Feith - Organisatioun