Djuna Bernard
Partei-Präsidentin & Députéiert vun déi gréng
President and Member of Parliament of déi gréng
Häerzlech Wëllkomm op der Internetpresenz vum Djuna Bernard. Zesummen mam Meris Sehovic stinn ech un der Spëtzt vun der grénger Partei zu Lëtzebuerg.
Ech sinn awer och Deputéiert fir meng Partei an der Chamber: hei sinn ech Vize-Präsidentin vun der Chamber, Präsidentin vun der Kultur-Kommissioun an Schoul a Sozial-Politesch Spriecherin vun menger Partei.
Welcome to the website of Djuna Bernard. Together with Meris Sehovic, I am the president of the Luxembourgish green party.
I am also Member of Parliament, where I fullfill the role of the Vice-President. I am also chair of the committee for cultural affairs and speaker for social and educational affairs.
National Wahlen 2023
„Virun de Walen, ass no de Walen“ – an dëst Joer gëllt dat ganz sécher. Ech hat déi enorm Chance 2018, am Alter vun 26 Joer an d’Chamber no ze réckelen. Fir als jéngst Deputéiert dëser Verantwortung gerecht ze gi, war net ëmmer einfach, an ech sinn definitiv un dëser Aufgab gewuess.
Meng Themen déi mech ëmmer ugedriwwen hunn, war d’Chancëgerechtegkeet fir all Kand, d’Bekämpfung vun der Aarmut an den Ongläichheeten an d’Stäerkung vun der Zivilgesellschaft an dem Benevolat.
All des Themen, si nach ëmmer extrem pertinent an dringend – a mir brauchen Politikerinnen an Politiker déi sech fir déi schwächst an der Gesellschaft an déi deenen hier Stëmm manner Gehéier fënnt asetzen.
Ganz konkret fuerderen ech e neie Modele vun der Familienarbeschtzait – fir dass béid Elteren méi laang Zäit kënnen doheem bleiwen wann hier Kanner nach ganz kleng sinn. Och en Congé bénévolat ass eng Fuerderung fir déi ech mech staark maachen, well et déi Leit valoriséiert an ënnerstëtzt déi sech fir d’Allgemengwuel an hirer Fräizäit engagéieren. Zu gudder Läscht, wënschen ech mer méi Bëschcrèchen an Bëschschoulen fir eis Kanner, fir dass si sech méi dobaussen beweegen kennen méi mat der Natur léieren kënnen.
Dir gesitt, no 5 Joer gi mer d‘Iddien net aus, au contraire – d’Erfarung mech als Politikerin kennen ze engagéieren, ass eng déi ech gären nach weider wéilt maachen: mat vill Häerzblutt, Engagement an Empathie fir déi, op déi et ukënnt.
National elections 2023
“Before the elections, is after the elections" - this saying is especially true this year. I had the great opportunity in 2018 to enter parliament at the age of 26. To do justice to this responsibility as the youngest MP was not easy, and I have definitely grown from this task. The priorities I am working for are equal opportunities for every child, fighting poverty and inequalities, and strengthening civil society and benevolence. These issues are and will remain of utmost importance and urgency, and we need politicians who stand up for the most vulnerable in society and give them a voice. In concrete terms, I call for a new model of family working time, in which both parents should have more time for their children while they are still very young. A "Congé bénévolat" is another demand that I strongly support, as it relieves the burden on and values those people who work for the common good. Last but not least, I advocate more nature and forest kindergartens, so that children can live and learn with and in nature from an early age.
You see, after 5 years I am not running out of ideas, on the contrary. I would like to continue the experience of being involved in politics: with a lot of heart, commitment and empathy, for those who matter!
Iwwer mech - About myself
Djuna Bernard
Gebuer den 15.06.1992 - Born on the 15th of June 1992
Wunnhaft zu Mamer - Based in Mamer
Bachelor an der Geschicht - Bachelor in History
Master am Non-Profit Management and Governance - Master in Non-Profit Management and Governance
Partei-Präsidentin vun déi gréng seit 2019 - Chair of the political party déi gréng since 2019
Députéiert seit 2018 - Member of parliament since 2018
Vize-Präsidentin vun der Chamber seit 2019 Vice-President of Parliament since 2019
Gemengeréitin vu Mamer seit 2023 - Local councillor in Mamer since 2023
Kultur - Culture
Bildung a Betreiung - Education, Childcare and Youth
Aarbescht a Soziales - Labour and social affairs
Famille - Family affairs
Aussepolitik a Migratioun - Foreign affairs and migration
Digitalisatioun a Medien - Digitalisation and Media
Parteipresidence
Zesummen mam Meris Sehovic leeden ech déi gréng Partei zu Lëtzebuerg.
Together with Meris Sehovic, I am chairing the green party in Luxembourg.
Djuna Bernard
Parteipräsidentin
Meris Sehovic
Parteipräsident
Sozial Gerechtegkeet - Inclusioun - Diversitéit
Dëst sinn di grouss politesch Ziler deenen ech mech verschriwwen hunn. Ech setzen mech an menger Politik dofir an dass mer eng sozial Gerechtegkeet an deem entspriechend Verdeelungspolitik hunn - dëst bedeit fir mech en staarken an aktiv-ënnerstëtzenden Sozialstaat, deen keen op der Streck léisst.
An eiser Schoulpolitik erwaarden ech eng Schoul déi Chancëgläichheet erméiglecht, sech eiser Sproochevillfalt unhëlt, an eis Kanner a Jugendlech op eng ganzheetlech, formal an non-formal Aart a Weis op d'Liewen als responsabele Bierger virbereet.
Ech sinn zu déifst iwwerzeegt dass eng staark Zivilgesellschaft an Kulturlandschaft eist Land méi räich, méi faarweg an méi oppen een vis à vis vum aneren mëscht. Dofir mussen eis KünstlerInnen an Kulturschafend ënnerstëtzt gi, eis Associatiounen an ONG'en gestäerkt an encadréiert gi an eis MatbiergerInnen an hirem Engagement an hirer politescher Bildung bestäerkt gi.