Déi meeschte Leit, déi beispillsweis an Island oder a Skandinavien an d'Vakanz ginn, hunn natierlech och wëlles, d'Polarliichter ze gesinn...

Dass een awer och zu Lëtzebuerg oder an Däitschland mol géif d'Chance dofir kréien, hu wuel déi mannste Leit geduecht. Majo an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg huet een awer genee dës eemoleg Chance kritt, dat ouni mussen méi héich an den Norden ze reesen.

Géint 1 Auer an der Nuecht, ech hat scho bal geschlof, gouf ech enthusiastesch aus de Fiedere gehäit, dat well, wéi et schéngt, d'Nordliichter iwwert eis ze gesi wieren. Konkret war ech zu deem Moment am Raum Bitburg, also quasi direkt bei der Lëtzebuerger Grenz a war natierlech den éischte Moment méi wéi skeptesch.

Ma tatsächlech: dobaussen ukomm, huet ee scho gemierkt, dass eppes um Stärenhimmel net sou war, wéi soss ëmmer. Net nëmme war et ongewéinlech kloer an hell fir esou spéit owes, ma et huet een och, wann een an den Himmel gekuckt huet, d'Polarliichter mat bloussem A erkannt. Natierlech net an där Form, wéi ee se schlussendlech op Fotoe mat enger laanger Beliichtungszäit géif gesinn. Wéi mer eis sécher waren, dass et sech ëm Polarliichter handele géif, si mer an den Auto geklommen an hunn eis an der Pampa eng Plaz gesicht, wou praktesch guer keng Liichtverschmotzung war, fir esou déi komplett Wierkung vum Natur-Schauspill kënnen z'erliewen an och ze dokumentéieren.

Mécht een dann awer eng éischt Foto, mat wéi gesot enger méi laanger Beliichtungszäit wéi soss ëmmer, erkennt een, dass sech tatsächlech déi sougenannten Aurora borealis bei eis am Himmelsbild manifestéiert huet. E raart Naturspill, dat virun allem an eise Géigende sou gutt wéi onméiglech ass ze gesinn. A scho guer net a sou enger Intensitéit. Op alle Fall war d'Gefill, déi éischte Kéier dëst d'Naturspill ze gesinn, sensationell schéin, virun allem, well ech, wéi vill Leit, déi an Island ginn, héich Erwaardungen an den Hotspot vun de Polarliichter hat a leider enttäuscht gouf. Dass ech, Joren no menger Rees an Island, d'Spektakel bei mir virun der Dier, op vill méi südleche Breedegrade wäert gesinn, hätt ech am Liewen net geduecht an ass definitiv en Trouscht fir d'Enttäuschung deemools op mengem Island-Trip.

Bei de Polarliichter handelt et sech jo ëm e Liicht-Phenomen, bei deem Stéckstoff- a Sauerstoffatomer héich an der Atmosphär vun der Äerd ugereegt ginn. Doduerch entsteet dann, an der Reegel tëscht dem 3. a 6. Breedegrad,  déi charakteristesch liichtend Faarf, dacks an enger heller grénger Faarf. Zéien d'Liichter erof a Mëtteleuropa, dann änneren d'Faarwen ganz dacks an eng éischter rosa,rout a mof Faarf a gëtt deem Ganzen eng uerdentlech Portioun "Lovecraft"-Atmosphär.

Dës Verfierwung an de roude Spektrum ass also charakteristesch fir de mëtteleuropäesche Raum a war mir perséinlech zu deem Moment komplett onbekannt. Op alle Fall wäert ech dëst Erliefnis fir eng ganz laang Zäit net vergiessen, den Owend selwer war et och bal onméiglech, d'Ae vum Himmel ze loossen an nees op d'Strooss ze riichten, fir heem ze fueren. Dacks mécht ee vun allem Méigleche Fotoen, déi een dann dach spéider ni wäert kucken. Dëst wäert bei dëse Biller definitiv anescht sinn...