Bei 'Sing meinen Song' - Das Tauschkonzert gëtt et haut den Owend um 20h15 op VOX eng ganz speziell Sendung an där de Peter Maffay héichliewen gelooss gëtt. De Sänger feiert am August seng 75 an dofir gouf hien fir een Owend a Südafrika op d'Couche bei de Johannes Oerding, Tim Bendzko, d'Soul-Diva Joy Denalane, den Eko Fresh, d'Frontfra vu 'Juli' Eva Briegel, den Emilio an de Sammy Amara vun de 'Broilers' invitéiert. En Owend op Aenhéicht, egal wéi vill Erfarung jiddereen matbruecht huet.

14/05/2024 Sing Meinen Song: Soirée Peter Maffay
Peter Maffay - begeeschtert

De Peter Maffay kann den Owend nëmme recommandéieren, well sou Sendungen sinn rare op der Televisioun wou et zum engen ouni Filter, ouni Playback an ënner Kolleegen reng ëm d'Musek geet, an dat wat een erlieft huet. En authentescht Gespréich gemixt mat Lidder déi ee kennt, wann och an enger anerer Form.

Peter Maffay - authentesch
RTL

© RTL / Markus Hertrich

Dass de Peter Maffay sech net fléiwe gelooss huet, leit awer och um Johannes Oerding, deen och dëst Joer den Host vun 'Sing meinen Song' ass.

Johannes Oerding
RTL

© RTL / Markus Hertrich

'Sing meinen Song' eng Sendung déi dacks ënnert d'Haut geet, net just bei de Museker. Um 20h15 geet et lass op VOX oder streamt elo schonn op RTL+.