D'Co-Spëtzekandidatin vun der DP, d'Amela Skenderovic, war Invitée am Kader vun den Europawalen am Format "5 Froen un".

2019 hat d'DP 2 Sëtz konnte gewannen, mat ënner anerem 50.000 Stëmme fir de Sëtz vum d'Monica Semedo. D'Amela Skenderovic trëtt ee schwéiert Iewen un, mee si gleeft un hir Stäerkten. Si wier een iwwerzeegten Europäer, well dat wier een Deel vun hirer Familljegeschicht. Hir Elteren hätten aus dem fréiere Jugoslawien misste flüchten, well d'Leit do wéinst hirer Identitéit verfollegt goufen. Si gouf dunn zu Lëtzebuerg gebuer, dat wier eng Chance gewiescht, an dem sécheren Europa gebuer ze ginn. Déi Chance sollen och déi nächst Generatioune kréien.

Den DP-Slogan "Europa. Stäerken, wat eis schützt" géing bedeiten, d'Unioun iwwerall ze stäerken. D'Mënschen - vu Kënschtler bis Baueren iwwer Entrepreneuren - musse gestäerkt ginn. Et hätt een dernieft Krich an Europa, da misst an d'Rëschtungsindustrie investéiert ginn. Et wier gutt, datt een do en Expert mam Co-Spëtzekandidat Charles Goerens huet. Ausserdeem misst een d'Bildungschancë vun de Jonke stäerken, sou d'Amela Skenderovic.

Et wier ze verstoen, datt Deeler vun de jonke Wieler an den Nopeschlänner géinge riets wielen, well, sou déi 28 Joer al Enseignante, déi Jonk géinge sech onsécher spieren no enger Pandemie, et wier Krich, si géingen einfach Léisunge fir komplex Problemer proposéiert kréien. Fir déi Jonk wier d'EU een Acquis ouni Valeur, an déi Wäerter misst een hinne besser erklären.

D'DP sollt ee wielen, well si géing besonnesch an 2 Beräicher stoe fir europäesch Verdeedegung engersäits an eng Stäerkung vun den Institutiounen anerersäits, déi méi Legitimitéit bräichten op der Weltbün, fir datt se net vu grousse Muechte kéinten ënnerbottert ginn.

D'LSAP-Lëscht wier eng staark Konkurrenz, mee hir Lëscht wier dat och, sou d'DP-Co-Spëtzekandidatin, well d'Leit mat hirem Parcours fir europäesch Wäerter géinge stoe mat och der Erfarung an der grousser Mënschlechkeet vum Charles Goerens, dee seng Mat-Kandidate géing mat Erklärungen ënnerstëtzen, fir de 9. Juni dat bescht Resultat ze erreechen.