D'Unerkennung vum palästinensesche Staat stoung en Dënschdeg am Mëttelpunkt vun enger Aktualitéitsstonn iwwert den Noen Osten, déi d'LSAP ugefrot hat.

"D'Lëtzebuerger Regierung soll Palästina formell als Staat unerkennen!", dat huet den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten den Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber gefuerdert an eng entspriechend Motioun deposéiert.

De Konflikt am Noen Oste war Sujet vun enger Aktualitéitsstonn, déi d'Sozialisten ugefrot haten. Et war ee sech eens, datt d'Situatioun an d'Virgoe vun Israel inakzeptabel ass an et vill ze vill zivil Affer ginn.

Iwwert d'Unerkennung vum palästinensesche Staat goufen et ënnerschiddlech Positiounen. An dat haaptsächlech, wat den Timing ugeet. Den Ausseminister Xavier Bettel huet gefuerdert, datt d'Motioun zréckgezu gëtt oder awer d'Chamber dogéint stëmmt. Et wier net de richtege Moment.

"Komm mer verpassen net d'Occasioun, wou mer vläicht eng Dynamik kënne kréien, déi en Impakt huet. Amplaz vläicht vun 140 op 144 Länner ze kommen, déi eng Unerkennung bekräftegen, wat bis haut awer nach näischt geännert huet."

Den David Wagner vun déi Lénk an och den Yves Cruchten vun der LSAP gesinn dat awer anescht.

"Ech mengen eng Dynamik, och wann et just 4 Länner sinn, datt dat lues a lues wiisst, datt dat och eng Dynamik kreéiert. Ech mengen, et ass eng falsch Analys ze mengen, datt d'Dynamik géif gebrach ginn, wa mer eis haut géifen dozou bekennen.", seet den David Wagner.

"Ech gesi grad de Contraire, datt wa Lëtzebuerg sech géif un d'Initiativ vun anere Staate ralliéieren, mer eng Dynamik géife schafen an net briechen.", ënnersträicht den Yves Cruchten.

Och déi Gréng hunn eng direkt Unerkennung gefuerdert, ma schlussendlech gouf d'Motioun majoritär ofgeleent. Den Ausseminister Xavier Bettel flitt iwwerdeems an zwou Wochen an Israel an a Palästina, fir mat den Autoritéiten zesummenzekommen.